Zum Inhalt

Crowdfunding – de Gaart-à-vous brauch Material

    Zanter véier Joer baue mir vun der Kooperative ‘Vun der Atert’ an eisem Projet ‘Gaart-à-vous’ nom Prinzip vun der solidarescher Landwirtschaft zu Beckerich hannert der Waasserfabrik Geméis un.

    Eis Gäertner Braam, Bertrand a Sam schaffe fläisseg fir iech dat leckerste Geméis aus der Géigend ze produzéieren. Mee fir optimal kennen ze schaffe brauche mir nach eng Rëtsch zousätzlecht Material am Gaart.

    Maacht bei der Crowdfunding mat

    L’attribut alt de cette image est vide, son nom de fichier est Irrigation-System-1024x575.jpeg.

    Wat gëtt gebraucht?

    • E Bewässerungssystem fir de Gaart. Di lescht Joren ass immens vill Zäit drop verluer gaangen, fir mat der Hand ze netzen. Dëst Joer wëlle mir ee Bewässerungssystem installéieren. Deen ass och vill méi waasserspuerend an ökologesch, well d’Waasser drëpsweis direkt bei d’Planze kennt a manner duerch Verdonstung verluer geet.
    • Neie Plastik an Diere fir eis Zären: no de Stierm dëse Wanter hunn eis Tunnellen uerg gelidden a missten deemnächst ersat a gefléckt ginn.
    L’attribut alt de cette image est vide, son nom de fichier est Tunnel-1024x575.jpeg.
    • 1 Containerunhänger fir d’Geméis bei a no der Ernte frësch ze lageren – virun allem esou laang mir nach kee Containerfrigo hunn.
    • 1 Containerfrigo fir datt mir d’Geméis och am Summer kënnen optimal notzen. Dëse Frigo soll direkt beim Gaart installéiert ginn.
    L’attribut alt de cette image est vide, son nom de fichier est Nursery-1024x575.jpeg.
    • Equipement fir d’Opzuchtstatioun. An eiser “Kannerstuff” gi Planzen ugeséit a wärend deenen éischte Wochen intensiv betreit.Netzer fir d’Planzen ze schützen.Diverst anert klengt Material (Schëppen, Reecher, etc.) fir d’Benevolen.Verschidden “Net-Geméis”-Planzen (Sträicher, Blummen, etc.) fir d’Aartevillfalt am Gaart ze erhéijen an sou de gesamten Ökosystem ze stärken a manner ufälleg fir Krankheeten a Schädlingen ze sinn.

    Wéivill Sue gi gebraucht?

    Eist Zil ass et, 20.000 Euro ze sammelen. Dat ass d’Zomme déi mir brauchen, fir all dëst Material ze finanzéieren. Als Beispill: De Containerfrigo kascht 4000 Euro, de Bewässerungssystem fir eng Parzelle ca. 400 €.

    Wéi kennt dir hëllefen?

    Ganz einfach: Maacht eis een Don

    Hëlleft eis, eis besser opzestellen an investéiert sou an déi lokal Produktioun vu Bio-Geméis. Sou hëlleft dir eis Regioun e Stéck wäit méi onofhängeg vum weltwäiten Handel an industrieller Liewensmëttelproduktioun ze maachen.

     

    An als Merci?

    Natierlech ass et eis wichteg, all deene Leit Merci ze soen, déi eis ënnerstëtzten! Dofir invitéiere mir Iech emol op eng kleng Feier mat Geméiszopp an anere Leckereien an eise schéine Gaart.

    Déi Leit, déi en Don vun iwwer 100 Euro maachen, kréien als Merci eng gratis Participatioun un engem vun eise Workshopen, déi mir am Laf vun der Saison wäerten organiséieren:

    • eise liewege Buedem
    • Wéi kann ech Préparater fir de Buedem ze ënnerstëtzten (Jauche, Mazerater, …)
    • Medizinesch Planzen (wéi kann ech verschidden Tinkturen usetzen déi ech an der Hausmedizin ka benotzen?)
    • Alles ronderem de Som
    • Uebstbamschnëttcours
    Schlagwörter: